c/Bilbao 212-214 08018, Barcelona -- 93 498 27 28 -- 609 32 77 56 -- colla@castellersdebarcelona.cat
Escut dels Castellers de BarcelonaCastellers de Barcelona
 Món Casteller » Introducció »
5d8 21/09/03
dldmdcdjdvdsdg
123
45678910
11121314151617
18192021222324
25262728293031
Actuacions Assajos Activitats
Més d'un tipus d'event

Entitats que col·laboren amb nosaltres
Wat genau sin d’castells?

primer concurs de castells, Barcelona 1902 (arxiu Salvador Arroyo)D’"Castells“ –katalanesch fir Buergen– sinn e charakteristeschen Bestanddeel vun der katalanescher Kultur a bestinn am Opbau vu Mënschentierm. D’Traditioun ass Enn des 18 Jorhonnerts zu Valls, Tarragona entstanen, wou rivaliséierend Gruppen, genannt "Colles“, eng Competitioun ugefaangen hun andems se verschidden Menschentierm gebaut hun, sou wei mer se haut nach kennen, a sech geigesäiteg versicht hun ze iwerbidden.
E Mënschentuerm besteet aus dräi Deeler: "Pinya“ (d’Base), "Tronc“ (de Stamm), a "Pom de dalt“ (d’Kroun).
D’"Pinya" ass d’horizontal Basis vum "Castell", op dem d’ganzt Gewiicht läit. Seng Haaptaufgab besteet doranner, dass en d’Struktur soll stabiliséieren a verstärken. Am Fall wou den "Castell" zesummefält, hëlleft d’"Pinya" de Stuerz vum "Tronc" a vum "Pom de dalt" opzefänken an oofzedämpfen.
Den "Tronc" (Stamm) ass d’vertikal Struktur an der Mëtt vun der "Pinya". E besteht normalerweis aus 1-6 Persounen op all Stack, a kann bis zu 9 Stäck heich sin. Déi 2 Zuelen bestemmen den "Castell", e puer Varianten sin z.B. den 3-8, den dräi vun aacht, 3 op all étage mat 8 étagen; den 4-9, den véier vun néng, 4 op all étage mat 9 étagen.
Den "Pom de Dalt" ass d’Kroun vum "Castell" a get vun de Jéngsten an den "Castellers" gebaut, der "canalla“. Dëst ass esou, well sie immens liicht, flénk a wendeg sin, wouduerch s d’Struktur manner belaaschten an bis ganz erop klamme kennen. Den "Folre" ass eng Base déi op d’"Pinya" gebaut gëtt bei den ganz héigen "Castells" fir d’mëttelst Struktur ze stabiliséieren. Bei "Castells" mat 10 Stäck get eng drëtt Basis op den "Folre" plazeiert, d’"Manilles". "Casteller", Buergebauer, kann sech all Persoun nennen déi um Bau vun "Castells" deelhëlt. All "Casteller" huet eng bestemmten Roll am "Castell", dei bei all "Castell" aanescht kann sin. Am Allgemengen gin dei Kräfteg ënnen agesat, dei Kleng am "Tronc" (Stamm), dei Grouss an der "Pinya" fir den "Tronc" mat den Hänn ze stäipen, an d'Kanner ganz uewen.
En "Castell" get no ganz genauen Regelen gebaut, trotzdem ass all "Castell" aanescht, well aaner Techniken fir aaner Strukturen ugewand gin. Den üblechen Opbau ass folgenden: Fir d'éischt get d'"Pinya" opgestallt, gudd organiséiert versteet sech, mat dem Ufank vum "Tronc" (Stamm) an der Mëtt. Vun baussen klammen dann d'Leit iwert d'Schëlleren vun der "Pinya" fir den "Tronc" (Stamm) an der Mëtt weiderzebauen. Den "Tronc" gët, jeweils zum Befehl vum "Kapp“ (Chef) vun der "Colla", zu gewëssen Zaitpunkten étageweis opgebaut, dei Staark a Schwéier ënnen, dei Liicht uewen. Als lescht klëmmt d’"Anxaneta" erop. Den Héischpunkt ass de Moment wann d’"Anxaneta" den Aarm hieft fir d’Leit ze gréissen: De "Castell" ass "gekréint“, lo muss en awer nach ofgebaut gin, wat oft nach méi schwéier ass ewéi den Opbau. Aussergewéinlech "Castells" kënnen ënnert aanerem op d’"Pinya" nach eng oder zwou Basen dropgebaut kréien ("Folre"/"Manilles") éier den "Tronc" weitergebaut get. Ganz schwéier awer imens spektakulär a schéin fir ze kucken sin "Castells" déi inverse opgebaut gin. Hei gëtt den Tuerm mat den Ärem bei der Basis Stéck fir Stéck an d’Luucht gehuewen, an ënnen gin d’Leit agesaat.

Den Opbau vum "Castell" gëtt traditionel ëmmer vun enger Melodie begleet, déi den "Castellers" d’Evolutioun vun der Struktur verréit: Dem "toc de castells". D’Instrumenter mat dem se gespillt gëtt sin d’“gralla“ (en klassegt Bloossinstrument) an d’Tromm; sie sin en ontrennbaren Bestanddeel vum Fest an der Stëmmung. Den Ufank an d’Enn vun all Opféierung gin jeweils vun hierer eegenen Melodie begleet ("toc d'entrada a la plaça" an "toc de vermut"), an invitéiert d’Zuschauer zum matmaachen, oder fir sech um Enn zesummen un den Dësch ze setzen an ëppes zou sech ze huelen.

Dëst kënnt vun der Traditioun dass d’Aktuationen vun den "Castellers" Sonndesmëttes op der Plaatz vun der Märei vum jeweilegen Duerf als eng vun den wichtegsten Veranstaltungen vum Duerffest stattfannen. Op dësen Duerffester baut all "colla“ 3 "Castells", an en "Pilar", en "Castell" mat enger Persoun pro Étage, als Ofschloss. Et gin hautdësdaags vill Geleënheeten fir sech Actuatiounen vun den "Castellers" unzekucken, vun Juni bis Oktober ass d’Héichsaison. Déi wichtegsten Datumen sin folgend:

- 15. August: Mare de Déu d'agost, zu Bisbal del Penedès
- 30. August: Sant Fèlix, zu Vilafranca del Penedès
- 24. September: Mare de Déu de la Mercè, zu Barcelona (d’Actuatioun fënnt den Sonnden den méi no derbäi läit statt)
- Eischten Sonnden am Oktober vun den gerueden Joeren: Concours vun "Castells", zu Tarragona
- 22. Oktober: Santa Úrsula, zu Valls (d’Actuatioun fënnt den Sonnden drop statt)
- 1. November: Tots Sants, zu Vilafranca del Penedès
- Drëtte Sonnden am November: Diada dels Minyons de Terrassa, zu Terrassa

Kommt se live op Katalunien kucken, et ass der Wäert!!!

Sant Fèlix: 3 de 10 amb folre i manilles, Castellers de Vilafrancala Mercè: 4 de 9 amb folre, Castellers de BarcelonaDiada dels Minyons de Terrassa:  3 de 10 amb folre i manilles, Minyons de Terrassa

D’Castellers de Barcelona

Inauguració del Monument als castells: Pilar de 4, Castellers de BarcelonaD’Castellers de Barcelona goufen 1969 gegrënnt duerch Leit aus verschiddenen Géigenden wou et schon "Castellers" goufen, virun allem aus Vilafranca del Pénédes, dat 50km vun Barcelona eweg läit.
Et goufen schon am 19. Jorhonnert Castellers Gruppen, me ouni Erfolleg, wat ënnert anerem un den Schwieregkeeten läit eng Traditioun vum ländlechen Gebitt an der Groussstad z’étableieren.
Mat der Grënnung vun den Castellers de Barelona konnt sech an der Katalonescher Haaptstad endlech e Grupp etabléieren, den seng fest Plaatz an der Gesellschaft huet an déif dran verwuerzelt ass. Vun der Grënnung un bis hautdësdaags féieren d’Castellers de Barcelona hier Folklorevirstellong op Fester, Aweiungen, Kongresser an aneren Evenementer op.
Den 8. Juni 1969, dem Grënnungsdag vun der "Colla“, gouf et eng kleng Virstellong, en "Pilar de 4", (1 pro Étage mat 4 Étagen), zur Aweiung vum Denkmol fir d’"Castells" am Uert El Vendrell. (60km vun Barcelona). Zu dëser Virstellong koumen wichteg "colles castelleres“ wéi z.B. d’“Nens del Vendrell“(1926), d’“Colla Vella del Xiquets de Valls“(1946), an d’“Castellers de Vilafranca“(1948). D’Castellers de Barcelona sin dem Datum no déi véiert eelsten "colla castellera“.
la Mercè: 2 de 8 amb folre, Castellers de BarcelonaWann den Ufank och net einfach war, duerch d’Ustrengungen den "fet casteller“ Steck fir Steck an der Stad z’etabléieren, konnten emmer méi an besser Virstellongen gemeet gin. Mëtt der 70er Joeren goufen dun och regelméisseg 7-stäckeg "Castells" gebaut, Ufank der 80er 8-stäckeger, an géint enn der 90er déi schwiereg 9-stäckeg Castells, wat d’Castellers de Barcelona ënnert d’“Colles“ vun héichstem Niveau bréngt. (Den "Coordinadora de Colles de Castellers de Catalunya“ leet den Niveau fest vun enger "Colla" an huet am Moment 60 Gruppen als Member).
Den Wee dohinner war alles aanescht wéi einfach, wéi zB d’Sich no enger neier Trainingshaal (zënter 1984 an der Strooss Rossend Nobas Nummer 33 zu Barcelona), oder wou eng Partie Leit fortgaange sin fir an hierer Heemechtstad, Santa Coloma de Gramanet am Norden vun Barcelona, eng néi "Colla“ ze grënnen (1985). Säitdem hun d’Castellers de Barcelona kräfteg un der der Technik geschlaff an Kontakt zu Institutiounen geschaft.


Diada dels Minyons de Terrassa: 4 de 9 amb folre carregat, Castellers de BarcelonaFolgend Daten sin wichteg an der technescher Evolutioun vun den Castellers de Barcelona:
1980-1990: "Castells" mat 8 Étagen.
1995: "Castell" "dos de vuit amb folre" (2 vun 8 mat "Folre"), eng wakkeleg Konstructioun dei duerch den Folre eppes méi u Stabilitét soll kréien. Dës Konstructioun ass den Duerchbroch zu engem méi héigen Niveau. Den "Castell" gouf op dem Fest vun der Mercè op der Plaça Sant Jaume zu Barcelona erriicht.
22.11.1998: "Castell" "quatre de nou amb folre" (4 vun 9 mat "Folre"), den définitiven Duerchbroch, dat ganzt zu Terrassa op der Plaça Vella. Bis zu dem Zäitpunkt ass et réicht em dei 10 "Colles" gelongen "Castells" mat 9 Étagen ze bauen.
1999: "Castell" "quatre de nou amb folre" (4 vun 9 mat "Folre" "Heemspill“), op dem Fest vun der Mercè op der Plaça Sant Jaume zu Barcelona.
22.11.2000: "Castell" "tres de nou amb folre" (3 vun 9 mat "Folre") gebaut um Fest vun den Minyons de Terrassa. 2001: "Castell" "tres de nou amb folre" (3 vun 9 mat "Folre" "Heemspill“) gebaut an oofgebaut um Fest vun der Mercè.
2003: "Castell" "cinc de vuit" (5 vun 8: genannt d’Kathedral wéinst senger Géisst) gebaut an ofgebaut um Fest vun der Mercè. Desen "Castell" gëtt als immens schwiereg ugesinn, obwuel nëmmen 8 Étagen héich.

la Mercè: 4 de 9 amb folre, Castellers de Barcelonala Mercè: 3 de 9 amb folre, Castellers de Barcelonala Mercè: 5 de 8, Castellers de BarcelonaDiada dels Bordegassos de Vilanova: Pilar de 7 amb folre carregat, Castellers de Barcelona

Tried a Kontakt mat eis!

Säit 1969, eisem Grënnungsjoer, hun d’Castellers de Barcelona schon vill Virstellongen a Stied oder Dierfer a ganz Europa opgefouert!:

Schreif einfach op eis Emailadress: colla@castellersdebarcelona.cat

Oder ruff eis ënnert folgender Nummer un: +34 93 498 27 28 (bureau tel/fax. répondeur)

An op der Handysnummer: +34 609 32 77 56 (mobiel)

Dir kënnt eis besichen kommen an eis nokucken beim Traineieren an eisem Lokal, no bei der Métrosstatioun Clot (Linn1 -rout- an 2 -violett-) normalerweis Dënschdes um19h30, Donneschted um 20h a Freides um 21h, vun Februar bis November (Ausser am August, do hun mer weder Training nach Aktuatiounen).

An eisem Kalenner kanns de nokucken weini mer optrieden (op Katalanesch).

Eis Adress:
Castellers de Barcelona
Carrer Bilbao, 212-214
08018 BARCELONA.

Mer soen dem Pierre-Jacques Frank merci fir d'Iwersetzung vun desem Text (Agraïm la col•laboració del Pierre-Jacques Frank per la traducció d'aquest text).


© 2024 Castellers de Barcelona